Gemeng Fréiseng

Gemeng Fréiseng D'Gemeng Fréiseng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Uertschaften:
Fréiseng, Uespelt an Helleng

🏡 Neie Wunnraum zu Uespelt!Zesumme mam Fonds du Logement huet d'Gemeng Fréiseng en neit Wunngebai mat 8 Wunnengen, déi z...
11/11/2026

🏡 Neie Wunnraum zu Uespelt!

Zesumme mam Fonds du Logement huet d'Gemeng Fréiseng en neit Wunngebai mat 8 Wunnengen, déi zu bezuelbare Präisser verlount ginn, zu Uespelt ageweit.

E flotte Projet, deen dozou bäidréit, d'Offer u bezuelbarem Wunnraum an eiser Gemeng ze vergréisseren an neie Bewunnerinnen a Bewunner e flott Liewensëmfeld ze bidden.

🤝 Mir freeën eis iwwer déi gelongen Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement!

🇱🇺 🎄♻️ Gitt Ärer Chrëschtdeko eng zweet Chance!Chrëschtbullen, Luuchten an Dekoratioun, déi nach vill ze schéin sinn fir...
03/11/2026

🇱🇺 🎄♻️ Gitt Ärer Chrëschtdeko eng zweet Chance!

Chrëschtbullen, Luuchten an Dekoratioun, déi nach vill ze schéin sinn fir ewechgeheit ze ginn? ✨

Beim Chrëschtmaart am Recycling-Park Fréiseng kréien dës Saachen en zweet Liewen! Kommt laanscht, entdeckt flott Chrëschtdekoratioun a setzt zesumme mat eis en Zeeche fir méi Nohaltegkeet. 💚

📅 Samschdeg, 28. November 2026
🕘 09:00–16:00 Auer
📍 Recycling-Park, Hoenerwee Helleng

🎁 Dir hutt nach Chrëschtdeko doheem déi Dir net méi braucht?
Bréngt Är gutt erhale Chrëschtbullen, Luuchten an aner Dekoratioun bis spéitstens de 24. November an de Recycling-Park.

♻️ Well Chrëschtdeko vill ze schéin ass fir nëmmen eemol Freed ze maachen!

______

🇫🇷 🎄♻️ Offrez une seconde vie à vos décorations de Noël !

Des boules de Noël, des guirlandes lumineuses et des décorations encore trop belles pour être jetées ? ✨

Au marché de Noël du parc de recyclage de Frisange, ces objets retrouvent une seconde vie ! Venez découvrir de jolies décorations de Noël tout en faisant un geste pour un Noël plus durable. 💚

📅 Samedi 28 novembre 2026
🕘 9h00–16h00
📍 Parc de recyclage, Hoenerwee à Hellange

🎁 Vous avez des décorations de Noël dont vous n'avez plus besoin ?
Déposez vos boules, guirlandes et autres décorations en bon état au parc de recyclage jusqu'au 24 novembre inclus.

♻️ Parce que la magie de Noël mérite d'être partagée plus d'une fois !

🇱🇺 💗 Fréisenger Zumba beim Broschtkriibslaf zu Hesper!Mat ronn 40 Participanten war d'Fréisenger Zumba-Grupp den 3. Okto...
02/11/2026

🇱🇺 💗 Fréisenger Zumba beim Broschtkriibslaf zu Hesper!

Mat ronn 40 Participanten war d'Fréisenger Zumba-Grupp den 3. Oktober beim Broschtkriibslaf zu Hesper dobäi! 🏃‍♀️

Schonn zanter 7 Joer engagéiert sech d'Grupp bei dësem Event a suergt mat hire kreative Kostümer all Joer fir e faarwege Bäitrag.

Besonnesch flott: D'Zumba-Coachin Tatiana Marques këmmert sech all Joer ëm de Warm-up fir déi ronn 3.000 Participanten!

E schéint Beispill dofir wéi Beweegung, Gemeinschaft a Solidaritéit zesummekommen. 💕

👏 E grousse Merci un déi ganz Grupp fir hiren Engagement!

__________________

🇫🇷 💗 Le groupe Zumba de Frisange à la course contre le cancer du sein à Hesperange !

Le 3 octobre, une quarantaine de membres du groupe Zumba de Frisange ont participé à la course contre le cancer du sein à Hesperange ! 🏃‍♀️

Présent depuis 7 ans à cet événement, le groupe se distingue chaque année par ses costumes originaux et colorés.

La coach de Zumba Tatiana Marques anime également chaque année l'échauffement des quelque 3 000 participants !

Une belle initiative qui réunit sport, convivialité et solidarité. 💕

👏 Un grand merci à l'ensemble du groupe pour son engagement !

La Commune de Frisange tient à saluer cet engagement et à remercier l'ensemble du groupe pour sa participation à cette belle initiative solidaire.

📅 November 2026 – Wat leeft an eiser Gemeng?Och am November ass an der Gemeng Fréiseng nees esou munches lass! 🎭🎶Concert...
30/10/2026

📅 November 2026 – Wat leeft an eiser Gemeng?

Och am November ass an der Gemeng Fréiseng nees esou munches lass! 🎭🎶

Concerten, Konferenzen, kulturell Evénementer a flott Geleeënheete fir zesummenzekommen. Et ass fir jiddereen eppes dobäi!

👉 Swipe duerch eisen Agenda an entdeck, wat am November alles um Programm steet.

📲 All d'Informatiounen zu den Evenementer an den Umeldunge fannt dir op www.frisange.lu

__________

📅 Novembre 2026 – Que se passe-t-il dans notre commune ?

Le mois de novembre s'annonce bien rempli dans la Commune de Frisange ! 🎭🎶

Concerts, conférences, événements culturels et occasions de se retrouver. Il y en a pour tous les goûts !

👉 Faites défiler notre agenda et découvrez les événements au programme ce mois-ci.

📲 Retrouvez toutes les informations pratiques et les modalités d'inscription sur www.frisange.lu

27/10/2026

🏫🌿 Eng nei Schoul. Eng nei Maison relais. Eng grouss Zukunft fir eis Kanner!

Et ass dee gréisste Projet, deen d'Gemeng Fréiseng bis elo realiséiert huet!

Eise Buergermeeschter Roger Beissel hëlt iech mat op en Tour duerch déi nei Schoul a Maison relais a gëtt en Abléck an dat, wat hei entsteet.

🌳 Vill Holz, natierlech Materialien a grouss, hell Raim
📚 9 nei Klassesäll mat engem moderne Clusterkonzept
🧒 Vill Plaz fir 350 Kanner

Hei entsteet net einfach nëmmen eng nei Schoul, mee eng Plaz wou d'Kanner sech wuelfillen, sech entfalen a mat Freed léiere kënnen.

An dat Bescht? 🥳

Fir d'Rentrée am September 2028 sollen déi éischt Kanner hir nei Schoul kënnen entdecken!

E Projet, op dee mir als Gemeng immens houfreg sinn! 💚

________

🏫🌿 Une nouvelle école. Une nouvelle maison relais. Un bel avenir pour nos enfants !

Il s’agit du plus grand projet jamais réalisé par la Commune de Frisange !

Notre bourgmestre Roger Beissel vous emmène à la découverte de la nouvelle école et maison relais et vous donne un aperçu de ce qui est en train de voir le jour.

🌳 Beaucoup de bois, des matériaux naturels et de grands espaces lumineux
📚 9 nouvelles salles de classe organisées selon un concept moderne de clusters
🧒 De l’espace pour accueillir 350 enfants

Bien plus qu’une simple école, c’est un véritable lieu de vie qui prend forme, où les enfants pourront s’épanouir, se sentir bien et apprendre avec plaisir.

Et la meilleure nouvelle ? 🥳

Dès la rentrée de septembre 2028, les premiers enfants devraient pouvoir découvrir leur nouvelle école !

Un projet dont nous sommes particulièrement fiers en tant que commune ! 💚

🇱🇺 🐸 Mouke-Bidden – Maacht mat a schützt eis Amphibien!Mam neie Projet „Mouke-Bidden“ wëll de SIAS nei Liewensraim fir M...
23/10/2026

🇱🇺 🐸 Mouke-Bidden – Maacht mat a schützt eis Amphibien!

Mam neie Projet „Mouke-Bidden“ wëll de SIAS nei Liewensraim fir Mouken, Fräschen an aner Amphibie schafen.

Schonn e klenge Weier am eegene Gaart kann dësen Déieren hëllefen. Awunner aus de SIAS-Membersgemenge kënnen dofir eng gratis Bidde zur Verfügung gestallt kréien.

💡 Dir wëllt méi iwwer de Projet gewuer ginn? De SIAS organiséiert de 24. November um 19:00 Auer en Informatiounsowend zu Manternach.

👇 All weider Informatioune fannt Dir am Bäitrag vum SIAS.

_______________________________

🇫🇷 🐸 Mouke-Bidden – Participez à la protection des amphibiens !

Avec son nouveau projet « Mouke-Bidden », le SIAS souhaite créer de nouveaux habitats pour les crapauds, grenouilles et autres amphibiens.

Même une petite mare dans votre jardin peut faire la différence ! Les habitants des communes membres du SIAS peuvent bénéficier gratuitement d'un bac destiné à accueillir les amphibiens.

💡 Envie d'en savoir plus ? Le SIAS organise une soirée d'information le 24 novembre à 19h00 à Manternach.

👇 Retrouvez toutes les informations dans la publication du SIAS.

🇱🇺 📸 E klenge Réckbléck op eis Porte ouverte am Gemengenatelier!Den 26. September haten d'Visiteuren d'Geleeënheet, e Bl...
16/10/2026

🇱🇺 📸 E klenge Réckbléck op eis Porte ouverte am Gemengenatelier!

Den 26. September haten d'Visiteuren d'Geleeënheet, e Bléck hannert d'Kulisse vun eisem Gemengenatelier ze geheien an eis nei Gefierer a Maschinnen ze entdecken.

Bei beschtem Wieder, ville Visiteuren an enger flotter Atmosphär hu mir zesummen e gelongenen Dag verbruecht. Och fir Iessen a Gedrénks war gesuergt. ☀️

E grousse Merci un all déi, déi laanschtkomm sinn an dësen Dag mat eis gedeelt hunn!

👉 Nach méi Fotoe fannt Dir an eiser Fotogalerie:
https://frisange.lu/porte-ouverte-atelier-2026/

📷 Fotoen: Michael / standart.lu

---

🇫🇷 📸 Retour en images sur les portes ouvertes de notre atelier communal !

Le 26 septembre, les visiteurs ont eu l'occasion de découvrir les coulisses de notre atelier communal ainsi que nos nouveaux véhicules et machines. 🚜

Sous un beau soleil, avec de nombreux visiteurs au rendez-vous et dans une ambiance conviviale, cette journée a été une belle réussite. Repas et boissons étaient également offerts. ☀️

Un grand merci à toutes celles et ceux qui sont venus partager ce moment avec nous !

👉 Découvrez encore plus de photos dans notre galerie :
https://frisange.lu/porte-ouverte-atelier-2026/

📷 Photos : Michael / .lu

🌱 Klimabonus-Roadshow 2026 – Informéiert Iech iwwer déi nei staatlech Subventiounen!Dir wëllt Äert Doheem energetesch re...
12/10/2026

🌱 Klimabonus-Roadshow 2026 – Informéiert Iech iwwer déi nei staatlech Subventiounen!

Dir wëllt Äert Doheem energetesch renovéieren, op erneierbar Energien ëmklammen oder Iech iwwer Elektromobilitéit informéieren?

D'Klima-Agence organiséiert eng Roadshow duerch Lëtzebuerg fir déi nei staatlech Klimabonus-Subventioune vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit virzestellen.

D'Beroder vun der Klima-Agence informéieren Iech iwwer:

• Erneierbare Stroum an Heizung
• Energeetesch Renovatioun
• Elektromobilitéit

📅 D'Datumer vun der Roadshow:

• 14.10. – Lëtzebuerg
• 21.10. – Diddeleng
• 28.10. – Jonglënster
• 10.11. – Ettelbréck
• 18.11. – Munneref
• 24.11. – Wäisswampech
• 01.12. – Déifferdeng
• 09.12. – Miersch

🕡 All Kéier um 18h30

💬 Notzt d'Geleeënheet, Iech direkt op der Plaz beroden ze loossen an Är Froen ze stellen.

👉 All Informatiounen iwwer déi regional Statiounen:
https://www.klimabonus.lu

____

🌱 Klimabonus Roadshow 2026 – Découvrez les nouvelles aides étatiques !

Vous souhaitez améliorer la performance énergétique de votre logement, investir dans les énergies renouvelables ou en savoir plus sur l’électromobilité ?

Klima-Agence organise une tournée d’information à travers le Luxembourg afin de présenter les nouvelles aides étatiques Klimabonus du ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité.

Les conseillers de Klima-Agence seront présents pour vous informer sur :

• La production d’électricité renouvelable et les systèmes de chauffage
• La rénovation énergétique
• L’électromobilité

📅 Les dates de la Roadshow :

• 14.10. – Luxembourg
• 21.10. – Dudelange
• 28.10. – Junglinster
• 10.11. – Ettelbruck
• 18.11. – Mondorf-les-Bains
• 24.11. – Weiswampach
• 01.12. – Differdange
• 09.12. – Mersch

🕡 Toutes les séances débutent à 18h30.

💬 Profitez de cette occasion pour rencontrer les conseillers de Klima-Agence, découvrir les aides disponibles et obtenir des réponses à vos questions.

👉 Toutes les informations sur les différentes étapes :
https://www.klimabonus.lu

🇱🇺 LUCIDO am Schlass zu Uespelt 🎶E puer Andréck vun engem flotte Concertsowend mam Klarinettequartett LUCIDO am Schlass ...
06/10/2026

🇱🇺 LUCIDO am Schlass zu Uespelt 🎶
E puer Andréck vun engem flotte Concertsowend mam Klarinettequartett LUCIDO am Schlass Uespelt.

📸 .lu | Marc Lazzarini
👉 All d’Fotoe vum Owend fannt Dir an eiser Mediathek:
https://frisange.lu/media-centre/albums-photos/

_______

🇫🇷 LUCIDO au Château d’Aspelt 🎶

Quelques images d’une belle soirée de concert avec le quatuor de clarinettes LUCIDO au Château d’Aspelt. ✨

📸 .lu | Marc Lazzarini
👉 Retrouvez toutes les photos de la soirée dans notre médiathèque :
https://frisange.lu/media-centre/albums-photos/

Adresse

10, Munnereferstrooss
Frisange
5750

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 11:30
13:00 - 16:00
Mardi 07:00 - 11:30
13:00 - 16:00
Mercredi 08:00 - 11:30
13:00 - 18:30
Jeudi 08:00 - 11:30
13:00 - 16:00
Vendredi 08:00 - 11:30

Téléphone

+352 23 66 84 08 - 1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Fréiseng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Gemeng Fréiseng:

Partager

Entreprises D'aménagement Intérieur à proximité