Lampertz Stone Designer

Lampertz Stone Designer Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Lampertz Stone Designer, Studio d’aménagement intérieur, Z. A. E. Rue Op der Héi, Hosingen.

The magic of stone - Schlësselfäerdeg Buedzëmmeren, Fassaden, Kichenaarbechtsplacken, Buedem- a Wandaarbechten, Bannen- a Baussentrappen, Grafmonumenter a villes méi.

An sengem neie 𝗕𝘂𝗲𝗱𝘇𝗲̈𝗺𝗺𝗲𝗿 soll een sech wuel fillen. Do spillen d’Materialien eng grouss Roll: Se sollen Iech gefalen, ...
29/10/2026

An sengem neie 𝗕𝘂𝗲𝗱𝘇𝗲̈𝗺𝗺𝗲𝗿 soll een sech wuel fillen. Do spillen d’Materialien eng grouss Roll: Se sollen Iech gefalen, an Ären Alldag passen an Iech laang Freed maachen 🛁

Mee wat passt besser bei Iech: Natursteen oder Keramik?

🪨 𝗡𝗮𝘁𝘂𝗿𝘀𝘁𝗲𝗲𝗻
Iwwer Millioune Jore vun der Natur geformt, bréngt Natursteen Wäermt a Charakter an Äert Buedzëmmer. All Plack ass een Eenzelstéck: D’Faarwen an d’Oderen gehéieren zum Steen selwer. Ob dezent a roueg oder markant a voller Kontraster: Wann de Charakter vum Steen zu Iech passt, entsteet e Buedzëmmer, an deem Dir Iech erëmerkennt.

✨ 𝗞𝗲𝗿𝗮𝗺𝗶𝗸
Keramik a Steenoptik gräift d’Faarwen an d’Odere vum Natursteen op a bitt eng grouss Auswiel u Motiver, Uewerflächen a Formater. Dobai kënnt Dir Äert Buedzëmmer no genau Äre Virstellungen gestalten. Dobäi ass Keramik robust an einfach ze botzen, an mat grousse Placke loosse sech och grouss Fläche mat wéinege Fuge realiséieren.

Dir kënnt déi zwee Materialien och kombinéieren. Mir weisen Iech gär, wat gutt zesummepasst!

Bei Lampertz hëllefen mir Iech bei der Auswiel a begleeden Iech vun der éischter Iddi iwwer d’Veraarbechtung an eisem Atelier bis zur Montage.

📍 Housen & Walfer
📞 99 72 71 1

Eng Fassad, déi bei Äert Haus passt 🏡D'Fassad spillt eng wichteg Roll am Gesamtbild vun engem Haus. Nieft der Architektu...
20/10/2026

Eng Fassad, déi bei Äert Haus passt 🏡

D'Fassad spillt eng wichteg Roll am Gesamtbild vun engem Haus. Nieft der Architektur ass et virun allem de Choix vum Material, deen den Ënnerscheed mécht.

Ob Natursteen mat senger individueller Struktur oder Keramik mat enger grousser Auswiel u Faarwen, Formater an Uewerflächen: béid Materialien bidden interessant Méiglechkeeten, fir eng Fassad no Äre Virstellungen ze gestalten.

Bei Lampertz berode mir Iech bei der Wiel vum passende Material an iwwerhuelen déi moossgeschneidert Veraarbechtung an d'Montage.

Äre Kaffi verdéngt eng schéi Plaz  ☕ Dëse Kapselhalter kéint geschwënn bei Iech doheem stoen!Bei eise Portes Ouvertes de...
16/10/2026

Äre Kaffi verdéngt eng schéi Plaz ☕ Dëse Kapselhalter kéint geschwënn bei Iech doheem stoen!

Bei eise Portes Ouvertes de 17. an 18. Oktober zu Housen gëtt de Kapselhalter verloust: Kommt bei eis laangscht, fëllt de Formulaire am Showroom aus a maacht mat 🍀

📍 Lampertz Stone Designer · 27, Z.I. Op der Héi · Housen

Eisen Atelier mécht sech prett fir eis Portes ouvertes! 🪨 | 17&18 OKTOBERDësse Weekend stinn eis Dieren zu Housen fir Ie...
15/10/2026

Eisen Atelier mécht sech prett fir eis Portes ouvertes! 🪨 | 17&18 OKTOBER

Dësse Weekend stinn eis Dieren zu Housen fir Iech op. Kommt bei eis laanscht, léiert eis Ekipp kennen a kuckt, wat mir aus Natursteen a Keramik fir Äert Doheem maache kënnen.

🕙 Samschdes a sonndes, vun 10 bis 18 Auer
📍 27, Op der Héi, Housen

De Black Ta**us ass ee vun deenen Natursteng, déi direkt opfalen. Säin déif schwaarzen Hannergrond gëtt vun intensiven A...
15/10/2026

De Black Ta**us ass ee vun deenen Natursteng, déi direkt opfalen. Säin déif schwaarzen Hannergrond gëtt vun intensiven Aderungen a Goldtéin duerchzunn. Poléiert, wéi bei dësem Projet, kommen d'Faarwen an d'Kontraster nach méi staark zur Geltung a ginn der Aarbechtsplack e besonnesch exklusiven a luxuriéise Look.

Seng Eegeschafte maachen en net nëmmen optesch interessant, mee och zu engem Material, dat sech gutt fir Aarbechtsplacken an der Kichen eegent.

Dir wëllt Äre Bausseberäich fir den nächste Summer nei gestalten? ☀️ Elo ass de richtege Moment, fir Äre Projet ze plang...
13/10/2026

Dir wëllt Äre Bausseberäich fir den nächste Summer nei gestalten? ☀️ Elo ass de richtege Moment, fir Äre Projet ze plangen, de passende Steen auszewielen an déi verschidde Méiglechkeeten ze entdecken.

Kommt an eis Showrooms zu Housen oder Walfer laanscht, entdeckt eis Auswiel u Natursteng a loosst Iech vun eisen Ekippe fir Äre Projet beroden.

Dëse Weekend ass et esou wäit! 🗓️Mir freeën eis, Iech bei eise Portes Ouvertes zu Housen ze begréissen. Ob Dir schon e k...
12/10/2026

Dëse Weekend ass et esou wäit! 🗓️

Mir freeën eis, Iech bei eise Portes Ouvertes zu Housen ze begréissen. Ob Dir schon e konkrete Projet am Kapp hutt oder einfach virwëtzeg sidd: Huelt Iech Zäit, kuckt Iech ëm a schwätzt mat eis iwwer Är Iddien.

📅 Samschdes 17. a sonndes 18. Oktober
🕙 10 - 18 Auer
📍 27, Op der Héi, Housen

Kommt bis laanscht, mir freeën eis op Iech!

D'Buedzëmmer ass eng vun deene Plazen, déi een all Dag benotzt. Moies nach ier den Dag richteg ugefaangen huet an owes, ...
08/10/2026

D'Buedzëmmer ass eng vun deene Plazen, déi een all Dag benotzt. Moies nach ier den Dag richteg ugefaangen huet an owes, wann ee lues a lues zur Rou kënnt 🌑

Ëmsou méi schéin, wann et e Raum ass, an deem ee sech wierklech wuel fillt. Bei dësem Projet gouf Manhattan-Marber um Buedem an an der Dusch agesat. Déi hell Faarf an déi natierlech Zeechnung vum Marber prägen de ganze Raum.

Bei Lampertz realiséiere mir Är Natursteenelementer fir d'Buedzëmmer op Mooss, vun der Materialwahl bis zur Montage.

Den Nero Zimbabwe kritt duerch seng Linen-Struktur eng fein, bal Textil-Optik.Bei dësem Projet gouf bewosst dee selwecht...
06/10/2026

Den Nero Zimbabwe kritt duerch seng Linen-Struktur eng fein, bal Textil-Optik.

Bei dësem Projet gouf bewosst dee selwechten Natursteen mat där selwechter Uewerfläch duerch d'ganzt Haus weidergefouert: vum Buedem an der Kichen iwwer d'Trap bis an d'Buedzëmmer. Esou kënnt den Nero Zimbabwe a ganz verschiddene Beräicher ëmmer nees zeréck a schaaft eng kloer Linn duerch de ganze Projet.

Bei Lampertz berode mir Iech net nëmme beim Choix vum Steen, mee och bei der Uewerfläch an de verschiddene Méiglechkeeten, fir e Material konsequent an Ärem Projet anzesetzen.

Den 1. Oktober hate mir d’Freed, SICLER bei eis am Showroom zu Housen ze empfänken, am Kader vun der Aweiung vun den nei...
03/10/2026

Den 1. Oktober hate mir d’Freed, SICLER bei eis am Showroom zu Housen ze empfänken, am Kader vun der Aweiung vun den neien Infrastrukturen an der ZAER Op der Héi 🏭.

Eng flott Geleeënheet, fir eisen Showroom an eis Aarbecht virzestellen an sech auszetauschen.

Merci u SICLER fir de Besuch an den interessanten Austausch!

Adresse

Z. A. E. Rue Op Der Héi
Hosingen
9809

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:30
Mardi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:30
Mercredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:30
Jeudi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:30
Vendredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:30

Téléphone

00352/99 72 71 1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Lampertz Stone Designer publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Lampertz Stone Designer:

Raccourcis

Partager

Entreprises D'aménagement Intérieur à proximité


Autres entreprises d'aménagement intérieur à Hosingen

Tout Afficher