27/10/2026
„Ech schaffen. Ech cotiséieren. Ech wëll eng gerecht sozial Ofsécherung. Dofir maachen ech mat.“
Ech sin „EN INDEPENDANT“. MEE ECH SINN VIRUN ALLEM E MËNSCH!
Ech sinn en Independant a menger eegener Entreprise, mee ech stelle mir ëmmer méi dacks eng Fro:
Firwat ginn ech dovir an eiser Gesellschaft anescht behandelt?
Firwat sinn ech net op déi selwecht Aart a Weis ofgeséchert, wann mir eppes geschitt, obwuel ech genee esou meng Steieren a Soziallaaschte bezuelen?
Firwat muss ech meng Soziallaaschte komplett selwer droen, wärend bei engem Salarié de Betrieb en Deel iwwerhëlt? Firwat kann meng eege Gesellschaft dat net op déi selwecht Manéier och fir mech maachen?
Schaffen ech dann net a menger Entreprise?
Ech ginn all Dag schaffen.
Ech bezuele meng Steieren.
Ech bezuele meng Soziallaaschten.
Ech iwwerhuele Verantwortung.
Ech hunn e Risiko geholl, eng Entreprise opgebaut an Aarbechtsplaze geschaf.
Firwat huet een dann d’Gefill, manner wäert ze sinn, wann et em d’sozial Ofsécherung geet?
Well een sech getraut huet?
Well een seng eegen Iddi verwierklecht huet?
Well een Verantwortung fir aner Mënschen iwwerhelt?
Well een jonk Menschen ausbilden wel ?
Oder well een decidéiert huet, säin eegene Wee ze goen?
Ass dat wirklech de Präis, deen ee bezuele muss, wann ee sech traut?
Mir wëllen just Gerechtegkeet.
Hannert all Entreprise steet e Mënsch. E Mënsch mat enger Famill, mat Suergen, mat Ängscht, mat Hoffnungen a mat enger Zukunft, déi genee esou wäertvoll ass wéi déi vun all anere Mënsch.
Eng Krankheet freet net, ob ee Salarié oder Independant ass!
Eng Naturkatastroph mécht keen Ënnerscheed an eng Kris trëfft eis all, egal wéi ee Statut mir hunn!
Firwat mécht eis sozial Ofsécherung dann esou grouss Ënnerscheeder?
Mir wëllen net méi Rechter wéi anerer.
Mir wëllen just net manner Rechter, well mir eis getraut hunn!
Loosst eis de Statut vum Independant endlech gerecht reforméieren!
Selwecht Obligatiounen. Selwecht Rechter. Selwechte Wäert als Mënsch.
Fédération des Artisans - Luxembourg
Chambre des Métiers Luxembourg